top of page

Sol,Mi,Do & Co

solmidoaco2.jpg

D'Sol, Mi, Do & Co-Bicher sinn nom Programm (Abrëll 2018) vun der nationaler Programmkommissioun konzipéiert. Si enthalen Übunge vun alle Formen: Noute liesen, Noute liesen am Rhythmus, Rhythmus klappen, Noute sangen, Noutendiktat, Rhythmusdiktat,

Diktat mat Fehlersichen, Diktat mat 2 Versiounen au choix, plus eng ganz Rei bekannten anonbekannte Melodien a Lidder mat an ouni Text.

Screenshot 2023-09-20 at 21.34.50.png
Screenshot 2023-09-20 at 21.35.01.png
Screenshot 2023-09-20 at 21.35.37.png

Am éischten Deel vum Buch ginn all déi nei Elementer (Nouten, Rhythmen, Taktarten, etc...) vum jeweilege Joër behandelt; am Deel "Vertiefung-Pour approfondir" gëtt et Übunge fir alles ze widderhuelen, Plaz fir weider Diktater a virun allem eng ganz Anthologie vu bekannte Melodien

aus der Klassik, der Volleks- an der Kannermusek fir dat Geléiert unzewenden. Des Lidder kënnen deelweis och an d'Schaffe vum éischten Deel mat erageholl ginn. Dem Enseignant gëtt all Fräiheet gelooss wéi e säi Cours wëllt gestalten an andeelen, wéi e wëllt nei Elementer erklären a wéi e wëllt Rhythme benennen.

 

 

Zu de Bicher gëtt et emmer ee Begleetheft fir den Enseignant (Erklärungen, d’Fehlerdiktater, Noutendiktatbeispiller,

Rhythmusdiktatbeispiller, Begleedungen) dat ee ka gratis als PDF ufroen.

Screenshot 2023-09-20 at 21.45.33.png

E flotte Complément zu dësem Solfègebuch ass d’Mol-Lidderbuch mat 28 bekannte Lidder fir Kanner mat Nouten an Text a mat flotte Biller fir faarweg ze molen (ass fir d'1. an d'2. Joer Solfège ze gebrauchen).

Deckel-2.png

Déi verschidde Bänn

bottom of page